top of page

Kohlrabi-Carpaccio

Writer: WDBNKWDBNK

Am Gaart ass de Kohlrabi zeideg, lo gëtt et lecker Carpaccio! Dee schmaacht extra lecker mat engem Peffermënzpesto :-) Oh jo!


Fir dëst summerlecht a schnellt Rezept brauch een:

  • 1 Kohlrabi

  • en décke Grapp Peffermënz

  • Sonneblummekären

  • geraspelt Kokosnoss

  • Salz

  • Agavendicksaft

  • Nossegen oder neutralen Ueleg (ech hat lo Sesam- an Hanf-Ueleg)

  • e puer Brennesselspëtzten mat Bléien

  • e sprëtzer Zitrounejus

  • an Chiliflacken

De Kohlrabi gëtt an dënn Scheiwe geschnidden, a vu baussen no bannen esou drappéiert, dass et dem Här Fibonacci Freed géing maachen :-)

D’Sonneblummekären an d’Kokosraspelen gi geréischtert, a mat engem Grapp Peffermënz, engem gudde Schotz Ueleg, enger Strutz Agavendicksaft an enger Pauz Salz gemixt.

An e bëssi Kokosueleg gin di gesond Brennnesselspëtzten 1 Minutt gebroden datt se nët méi picken. Da gëtt ugeriicht. Iwwert de Plat, kënnt nach eng Strutz Agavendicksaft, a fir d’Saiert nach e bëssi Zitrounejus. Wien et gäer e bëssi schaarf huet, ka sech nach e puer Chiliflacken driwwer streeën.

Nom Uriichte gëtt direkt zervéiert.

E gudden Appetit :-)

 
 

Comments


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page