top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Iwwerbakene Fenchel


Fenchel ass nët allemanns Goût, awer Gratinen hun déi meescht gär. Do schmaacht dann och scho mol een e bëssi dovun, dee soss kee Fenchel wëll - a wann ëtt och just den knuspregen Deel ass. :) :



Fir den iwwerbakene Fenchel, hu mir den Uewen ob 180 Grad virgehëtzt.


  • 1 déck Fenchelknoll gëtt gewäsch

a jee no Déckt an 6-10 Schläisse gedeelt an am kachende Salzwaasser blanchéiert.



An enger Casserolle ginn


  • 2 Zéiwe Knueweléck gebroden mat

  • 1 Grapp Cashewen

  • 1 Läffel Geméisbrittpolver a

  • Cayenne Peffer.



Dat gëtt dann opgefëllt mat


  • 2 décke Louche vum Kachwaasser an am Highspeed Blender mat

  • 1 Téiläffel frëschem Kurkuma an

  • 1-2 décke Iessläffelen Hiefflacken


gemixt.


De Fenchel gëtt an eng Backform getässelt, a mat der Zooss iwwergoss.



Doriwwer flitt e


  • bëssi Panéiermiel an e

  • puer Drëpsen Raps-Ueleg mat Bottergout


(nodréiglech géif ech soen komm mir verréieren di Saache scho mol mateneen mat e bëssi Salz nach dobäi a gi se dann iwwert de Fenchel, dat gëtt da mi gläichméisseg… di nächste Kéier dann :-) )

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page