top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Hosta-Schëss mat séiss-schaarfe Brennnesselen


Esou ewéi d'lescht Joer versprach, ass et elo Zäit fir d’Hosta Schëss ze präparéieren. Bis zur Halschent vun de Schëss kann ee problemlos vun enger Planz huelen, ouni dass een herno mierkt dass eppes fort ass :)

Si sinn ultrazaart a mega lecker.



D’Schëss ginn 1 cm iwwert dem Buedem mat engem Messer ofgeschnidden.



An engem Dëppen oder Pan mat Rapsueleg ginn


  • +- 1 Iessläffel frësch geriwwenen Ingwer

  • 1 gehackten Zéif Knuewelék

  • 1 gedrëchend Chilli Schot

  • 1 Iessläffel Koriandersom



kuerz ugebroden fir de Goût erauszekëddelen.


Dobäi flitt




nom kuerz duerchréieren kënnt


  • 1 Strutz Agavendicksaft an

  • 1 Schotz Sojazoos dobäi.



Emol duerchgerouert däerf dat mat zouenem Deckel 1/2 Minutt duerchzéien, a fäerdeg.


Nammnamm, mir hun definitiv nët genuch Hostaen am Gaart! :D Ech kéint dat direkt nach emol iessen :)



Zu der Hosta:


Wëll Hostaen esou schéin Schiedstaude sinn, ass irgendwou verluer gaangen datt si nët nëmmen dekorativ, mee och iessbar an immens zaart a lecker sinn.

Déi beschten Zäit fir se zouzebereeden, ass elo am Fréijoer, wann déi jonk Schëss aus dem Buedem spriessen. Da sinn se am zaartesten an erënneren e bëssen u Spargelen. Si si fir mäi Goût just nach besser :). Am beschten schneid een se knapps iwwert dem Buedem mat engem schaarfe Messer of, ower nët méi ewéi d’Halschecht vun der Planz. Et wëll ee jo gäer, datt se schéin weider ka wuessen. Spéider am Summer bleiwen se natirlech Iessbar, sinn och gutt an Zaloten awer d’Mondgefill ass méi fest. Hir Bléien sinn eng schéin iessbar Deko, mir deet dat ower ëmmer e bëssi leed fir se ze huelen.

D’Kachzäit vun esou Schëss ass immens kuerz, just 1-2 Minutten an der Pan schwenken da si se fäerdeg. D’selwecht bei de Blieder am Summer herno, soss gi se stréieg.



Gesond ass d’Hosta och nach dobäi, an de Blieder ass Calcium, Magnesium, Zénk an Eisen.


Deen sech der wëll an de Gaart setzen mecht daat am beschten op enger Plaz am Schied bis hallef Schied, well se Bëschplanze sinn (ursprünglech aus Japan a China) déi och mol gäer laanscht Baache wuessen, kann een se och op e bëssi méi fiicht Platze setzen, dat ass ower kee Muss. Als Staud kommen se all Joers zréck, d’Huesen, d’Kanéngercher an d’Schleeken sinn immens frou domat a kënnen se schon emol ratzfatz ewechfruppsen. Et ginn eng helle Wull un Hosta Zorten, grénger, bloelzecher, wäiss-gréng panaschéierter, klenger, grousser, breeder a schmueler, an si all sinn eng Délikatess! ;)

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page