top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Hexekraiderchers-Superbowl

...mat geréischterte Sonneblummekären a frëschem Bärlauch.

Haut war esou ee schéinen Dag, dass mir eis op de Wee gemaach hunn fir e bëssi Wëllkraider ze plécken - an dat wollte mir natierlech mat iech deelen. An eiser Posch ass Hexekraitchen a Bärlauch geland, a preparéiert hu mir doraus:

Eng Hexekraiderchers-Superbowl, mat geréischterte Sonneblummekären a frëschem Bärlauch.


Vegan Superbowl mat Vulleseemchen Hexekraidchen Avocado Brockoli
Wien esou ësst, brauch keng Zousazmëttelen. Hei ass alles dran!

De Räis war vum Dag virdru Rescht, a mir hunn eng schnell Vinaigrette aus

  • Zitroune Jus

  • Sesamueleg

  • Knuewelek

  • Peffer a Salz    geréiert.

An enger Pan (well ee jo awer e bëssi faul ass just eng Pan :-) ) Räuchertofu am Sonneblummenueleg gebrode bis en e bëssi knuspereg ginn ass, dunn di an zwee geschnidden Maiskolben dobäi, a wou déi bis e bëssi Faarw kruten, d’Sonneblummekären dran.

An engem klengen Dëppen gouf de Brokkoli blanchéiert. Alles schéin an enger Schossel ugeriicht a fäerdeg. :-D


Hexekraitchen Vulleseemchen
Esou gesäit d'Hexekraitchen aus. Et gëtt och nach Vulleseemche genannt.

D'Hexekräitchen oder och Vulleseemchen kann eng ganz schéin Plo am Gaart sinn, wann en iwwerall driwwerwiisst an sech séier ausbreet. Dëst kann een ower zum positiven notzen andeems een en einfach esst ;-).  Verwäerte kann een dat Kraut vu März bis Oktober als Zalot, ewéi Spinat gekacht, an der Zopp oder am Smoothie. Wëll de Som immens séier a gutt keimt, kann ee sech dëse sammelen, an och am Wanter als Vitaminspender ob der Fënsterbänk uséinen. De Vulleseemchen gëllt allgemeng als Heelkraut dat Schmäerze stëllt. Mee et ass doriwwer raus och nach wierklech lecker. Et schmaacht wéi réie, jonke Mais. 50 Gramm Vulleseemchen decken de Vitamin C-Bedarf vun engem Erwuessenen of. Calcium, Kalium, Magnesium, Vitamin A Vitamin B1, B2 an B3, Flavonoide an Kiselsäier sinn och drann. E wonnerbart Kraut. Fannen kann een de Vulleseemchen quasi iwwerall wou vill Stéckstoff am Buedem ass. Erkennen deet een de Vulleseemchen un sengem stäreförmegen Wuess. Si wiisst ganz üppeg a bild e Këssen dat un enger klenger Wuerzel hängt. Gutt erkennen kann een de Vulleseemchen wann een de Still ausernee rappt: an der Mëtt ass méi en elastegen hellen "Daarm" drann, dee méi spéit räisst. De Vulleseemchen kritt kleng wäiss Bléien. Déi eenzeg Planz matt där een de Vulleseemchen eventuell kéint verwiesselen ass d'Anagallis arvensis deen als Buedemdecker gesat gëtt mee bei dësem sinn ënnert de Blieder kleng brong Flecken an de Still ass véiereckeg (beim Vulleseemchen ass e ronn). Ausserdeem sinn d'Bléie rout oder blo.

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page