top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Hausgemaachte Kuele-Seef (vegan)


Haut ass Seefendag ;-)




Éiert een sech an déi Aufgab stierzt, hei mol d’Sëcherheetsvirkéierungen:


D’Natronlauge déi mer uréieren ass beim Verschaffen nach ätzend, dofir:

Schutzbrëll un, Händschen un, eppes ales undoen mat laangen Ärm, Esseg prett stellen sollt een eppes mussen neutraliséieren, Kanner an Hausdéieren aus der Ëmgéigend verbannen, eventuell d’Schaffplack ofdecken, mat Zeitung oder alen Dicher, a genau Schaffen.


Am léifsten maachen ech dat dobaussen, wéinst den Dämp vun der Lauge. Sollt een déi Méiglechkeet nët hun, am Beschten d’Fënstere grouss opmaachen.


Ëmmer den NaOH an d’Flëssegkeet ginn, ni ëmgedréint!!

Am léifsten huelen ech den NaOH a Granulé Form, wëll deen nët stëpst. Doropper kann een oppassen, wann een e keeft. NaOH Stëps ass nët cool.


Klengt elo komplizéiert, ass ët ower nët.


Déi Seef déi mir haut präparéieren besteet aus:


5 % Rhizinusueleg

35 % Olivenueleg

5% Hanfueleg

5 % Kürbiskäerenueleg


25% Kokosueleg

25 % Babassuueleg


NaOH opgeléist am äiskalen Brennnesselstéi

Natrium Lactat (1 TL pro 500 g Ueleg) nom Ofkillen an d’Lauge gin


Aktivkuel


ätheresch Ueleger: Patchouli, Bergamott an Grapefruit. 50 g ob 1000 g Ueleg.


Starken Alkohol fir driwwer ze sprutzen


Fir di genau Grammen un Ueleg, Téi an Lauge ze rechnen benotzen ech de Seeferechner: http://naturseife.com/Seifenrechner/


Opgepasst de Seeferechner rechend a Gramm, an nët a Milliliter. Bei Ueleg ass dat nët dat selwecht.


All Ueleg huet eng aaner Jodzuel, a brauch dementspriechend aner Moossen NaOH. Dofir bei all Rezept ëmmer nei norechnen!


An deem hei Rezept gouf 15% manner Flëssegkeet (d’selwechtenUndeel NaOH) gebraucht wéi de Rechner seet. D’Kuel verhällt sech immens Waasserresorbéierend, an d’Seef ka brëcheg ginn doduerch, also manner Waasser huelen bei Kuelen.


Also: Den NaOH gëtt lues an den äiskaalen Brennnesselstéi ginn.


Di fest Ueleger gi lues verschmolz, da gi se mat deene Flëssegen vermëscht.


D’Kuele gi gemörsert.


An di ofgekillten Lauge kënnt den Natrium Lactat.


D’Lauge gëtt lues an den Ueleg lafe gelooss.


Ëmréieren an d’Kuel dobäi ginn.


Ofwiesselnd mat Holzläffel a Mixstab réieren bis d’Seef liicht ugedeckt ass.


Den äthereschen Ueleg gutt ënnerréieren, an direkt an d’Form fëllen.


Wéinst der Kuel an der Seef gëtt staarken Alkohol driwwer gesprutzt, dass se keng Verfierwunge kritt.


Déi Seef därf elo 24 Stonnen gutt isoléiert ginn oder op eng Heizplack fléien.


Isoléieren: op engem Plateau mat Folie iwwerdecken an Kichendicher awéckelen an an eng Isoléiertut ginn.

Wëll eis Seef a Muffinformen gefëllt gouf, an ech d’Uewerfläch wollt stempelen (Folie hannerléist gäer Kniwwelspuren, ass ower gutt iwwert grousse Formen bei deenen d’Seef geschnidde gët), ass se op eng al Heizdecken geflunn.


D’Seef ass prett fir ze schneiden wann se vu sech aus nët méi hëtzt. Sou no 24-36 Stonnen.

Eis koum no 3 Deeg aus der Form fir se ze stempelen.


Da muss se 4-6 Wochen räifen éier se benotzt gëtt.


D’ Gerätschaften mussen direkt nom Isoléieren gewäsch ginn. Besonneg d’Metall vum Mixstab ass frou doriwwer wann ët direkt propper gemach gëtt :-) Dofir am beschten d’Hänndschen nach unhalen. Ech schwenken zum Schluss d’Saachen ëmmer mat e bëssi Essegwaasser of, soss brauch ee kee Produit ze huelen.


Formen: Ët eegend sech all Zort Silikonform, oder extra Seefen Holzformen. Op kee Fall metallener huelen… bon, eemol kéint ee se huelen an dann nie méi… :-)

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page