top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Gänsefouss - D'Planz vum Mount Juni 2018 op www.WatDeBauerNetKennt.lu

Bei www.WatDeBauerNetKennt.lu gesi mir et als eis Missioun d'Wësse vun der Zäit virun der Industrialiséierung lieweg ze halen. Äre Gaart, d'Wise ronderem Ärt Doheem an d'Bëscher si voller Iessen dat just drop waart vun Iechgepléckt ze ginn. Op www.WatDeBauerNetKennt.lu gëtt an der Saison all Mount eng Planz ervirgehuewen, an am Juni 2018 ass dëst de #Gänsefouss.

Gänsefouss oder #Chenopodium ass eng Planzefamill déi vum Gämmefouss oder Gudden Heng (Guter Heinrich) iwwert de wäisse Gänsefouss bis bei de Star vun der Famill, de #Quinoa geet.



De Gänsefouss wiisst bal iwwerall op der Welt. Et ass eng Pionéierplanz déi meeschtens op drëchene Plazen oder laanscht Weeër wiisst. Dir kënnt en och am Abrëll oder am Oktober séien, a wann e staark genuch ass, en all 8 Deeg plécke goen.

D'Planz ass zanter ëmmer als immens leckert an zaart Geméis genotzt ginn an et huet immens vill Proteinen, Karotin, Vitamin B a Mineralien. Wann ee d'Planz mat Spinat vergläicht da gesäit een datt de Gänsefouss 3 mol méi Vitamin C huet, 50% méi Potassium, zwee mol méi Calcium an zwee Mol sou vill Magnesium. Mee loosst eis de Spinat net schlecht schwätzen. Och dat as ee super Geméis! Vergiesst awer net datt de Gänsefouss, wéi vill aner Geméisen och, Oxalsaiert enthält. Duerfir iesst elo net just nëmmen nach Gänsefouss. ;-)

D'Blieder an d'Stiller ginn ewéi Spinat blanchéiert. Si hunn awer nach e vill méi feine Goût. Wann een e fir 't éischte Kéier ësst, dann ass dat schonns zimmlech impressionnant. Wann di déi nächste Kéier laanscht eg Plaz kommt wou vill Gänsefouss steet, wäert Dir emat aneren Aë kucken: Dir gitt bestëmmt hongreg. ;-)

Bis August huelt Dir d'Blieder, d'Bléien an d'Knospe fir an d'Zaloten. Halt Iech de Som fir am Wanter Sprossen ze zéien, an esou och Vitaminen iwwert déi däischter Méint ze kréien. Wann Dir aus Indie sitt, da kennt Dir d'Geméis als Wantergeméis #Bathua.

Gänsefouss gëtt och fir seng Heelwierkung benotzt an hëlleft bei Entzündungen an huet positiv Effekter bei Menstruatiouns Problemer. Aus dem selwechte Grond ass et ofgerode während enger Schwangerschaft Gänsefouss ze iessen.

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page