top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Gromperecurry mat Hexekraitchen (vegan)

Dat Wëllgeméis dat bei eis am Moment am meeschten ze gesinn ass, ass d’Hexekraitchen, oder Vulleseemchen. Well et liicht u Mais an Ierbessen erënnert, passt et ganz gutt bei e Gromperecurry.



Am Dëppen ginn

  • 1 Iessläffel Kreuzkümmel

  • 1 Téiläffel Fenchelsom

  • 1 Iessläffel Moschtersom

  • 1 Iessläffel Koriander

  • 1 gedrëchent an zerbröselt Chillischot

  • 1 Iessläffel Ingwer

  • 1 Iessläffel Kurkuma



am Rapsueleg ugebroden mat

  • 1 Ënn

  • 2 Zéiwen Knuewelék


Dobäi kënnt


  • 1 Iessläffel Tomatemuerg



an

  • 1 Schossel geschielten a gevéierelt réi Gromperen



Nom Duerchréieren flitt


  • 1 Dous Kokosmëllech

  • Salz a Peffer

dobäi.



Dat däerf elo 20 Minutte kachen.


D’Spëtzten vun

  • 1 Bond Hexekraidchen

gi gewäsch an emol duerchgehackt, dann däerfen déi nach eemol 10 Minutte matkachen. A fäerdeg ass et.



Een emol anere Gromperecurry, dee e ganz feine Goût huet.




Hexekraitchen | Stellaria media


Esou wiisst d'Hexekraitche bei eis am Gaart. Fréijoersvitaminnen. ;-)

D’Hexekraitchen/Vulleseemchen wiisst an enger Rosette-Form als Buedemdecker. Seng Bléie si wäiss. Wann een säi Still auserneerappt erkennt ee ganz gutt dass an der Mëtt eng Zort “Daarem” ass.


D’Hexekraitchen ass fir esou Munchen eng Plo am Gaart well et iwwerall driwwerwiisst a sech séier ausbreet. Dëst kann een ower zum Positiven notzen, andeems een et einfach esst ;-) oder als liewegt Mulchkraut notzt.


Verwäerte kann een dat Kraut op d'mannst vu Mäerz bis Oktober als Zalot, ewéi Spinat gekacht, an der Zopp oder am Smoothie. Wëll de Som immens séier a gutt keimt, kann ee sech dëse sammelen, an och am Wanter als Vitaminspender ob der Fënsterbänk uséinen. De Vulleseemchen gëllt allgemeng als Heelkraut dat Schmäerze stëllt.


Mee et ass doriwwer eraus och nach wierklech lecker. Déi eenzeg Planz mat där een de Vulleseemchen eventuell kéint verwiesselen ass d’Anagallis arvensis deen als Buedemdecker gesat gëtt. Mee bei dësem sinn ënnert de Blieder kleng brong Flecken an de Still ass véiereckeg (beim Vulleseemchen ass e ronn). Ausserdeem sinn d’Bléie rout oder blo. Voilà. An elo: sammelen an iessen. ;-)



0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page