top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Grompere-Spinatzalot mat Bärlauch um gebakene Knollenzelleri (vegan)

Meng léifsten Art a Weis Zelleri ze verschaffen, ass e mat engem Gewürzueleg am Schäffchen ze baken. Sou wéi deen heiten :-)



Den Zelleri gëtt an +- 1 cm dënn Scheiwe geschnidden

an enger Schësselchen ginn


  • 1 Tl Garam Masala

  • 1 Tl Koriander

  • 1 Tl schaarfe Paprika

  • eng Pauz Salz an

  • 5 Iessläffelen Rapsueleg

matenee verrouert.





Den Zelleri gëtt ronderëm bestrach an um Bakpabeier am Schäffchen fir 35-40 Minutten bei 180 °C Ëmloft gebak.



Fir d’Grompere-Spinat Zalot mat Bärlauch gëtt


  • 1 Kilo gequellte festkachend Gromperen geschielt an a gréisser Wirfele geschnëppelt.

  • 500 Gramm Spinat gewäsch a gehackt

  • 1 Bond Bärlauch gewäsch a gehackt





fir d’Moschter Vinaigrette:

  • 1 Tl Moschter mat Kären

  • 1/2 Ënn butzeg kleng gehackt

  • 4 Iessläffelen Esseg

  • 6 Iessläffelen Ueleg

  • Salz a Peffer


verrouert, a mat de reschtleche Saache vermëscht.




Fir ze zervéieren passen gutt e puer Hackernëss (Walnëss) driwwer :-)



Gudden Appetit! :)

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page