top of page

Grill-Courgetten um Spiess

  • Writer: WDBNK
    WDBNK
  • Aug 16, 2018
  • 1 min read

Summerzäit - Grillzäit. Och fir Veganer e Genoss! :-D


Fir dëst onkomplizéiert Rezept, gëtt eng Past aus 

  • 1 -2 Iessläffelen Crunchy Afennossbotter

  • 3 Iessläffelen Ketchup

  • 1 Iessläffel Thymian

  • 1 Téiläffel Salz

  • 1/2 Téiläffel Peffer

  • 1 Iessläffel Agavendicksaft

  • 1 Iessläffel Ueleg

  • an e bëssi Chilli

zesummegerouert, an op Courgette Bännerchen geschmiert. Dës sinn einfach mam Sparschäler vun der Courgette geschnidden.



Da gi se einfach ob e Spiesschen gestach, a maximal 1 Minutt gegrillt.

Et sollt een d’Courgetten net ze laang am Viraus präparéieren éier se gegrillt gin, wëll se soss duerch d’Salz kënne Waasser verléieren. Also am beschten besträichen, opstiechen, a wann se all fäerdeg sinn, zacki op de Grill :-) An zacki gefruppst :-D



Dobäi gëtt et eng Beluga-Lënsen Zalot. Dofir goufen d’Lënsen (ouni Salz) gekacht bis se mëll woren, ënner Waaser ofgekillt, a mat der reschtlecher Paste, 

  • 1 zerdrécktener Knuewléks Zéif

  • 2 Iessläffelen Esseg

  • 3 Iessläffelen Ueleg

  • Bratzel

  • Peffer a Salz

ofgeschmaacht.



Mhhhmm Grillzäit perfekt :-)

Comments


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page