top of page

Gefëllte Gnocchischnecken

Writer: WDBNK
WDBNK
May 8, 2020
1 min read

Gefëllte Gnocchischnecken - e Rezept fir wann ee Loscht huet e bëssi an der Kichen ze wurschtelen a mol eou richteg, richteg sat ze ginn. :-)



Fir den Deeg hunn ech


800-900 Gramm Gromperen


am Salzwaasser mëll gekacht.



Wann een der huet wou d’Schuel nët su ondurre voll Buedem si ewéi bei mengen haut, da kann ee se och einfach quellen. Fir d’Fëllung gëtt:

  • 1/2 Block Räuchertofu ugebroden, dobäi fléien

  • 3 gehackten Zéiwe Knueweléck

  • 1/2 Ënn

  • 1 Passette gehacktent Blaatgeméis - hei hate mer haaptsächlech Brennnessel, ower och e bëssi Beinwell, Vulleseemchen, Gudden Heng a Spinat

  • 1 Tas Hiefflacken



an engem klenge Glas gëtt

  • 1 IL Gromperemiel mat

  • 1 klengen TL Kraidersalz

  • 1 TL Currypolver a

  • Waasser


verrouert.

Dëst gëtt iwwert d’Fëllung geschott, opgekacht, an d'Plakk ausgemaach.


Wann d’Grëmpercher mëll sinn, gi se duerch d’Gromperepress gedréckt, a mat

  • Peffer

  • Muskat

  • 2 Iessläffele Soja-, Séisslupinne Miel oder Vegg Egg

  • 2 Iessläffelen Ueleg

  • 300 - 350 Gr Miel



zu engem Deeg gemëscht. Dee gëtt op engem gewieftenen oder geuelegte Bakpabeier ausgerullt a mat der Fëllung bestrach.

Da gëtt gutt fest zesummegerullt



an op d'mannst 1 Stonn am Frigo kal gi gelooss fir dass alles e bëssi méi fest gëtt.



Soss kann ët sinn, dass d’Schleeken herno net richteg halen. Da gi se a Scheiwe geschnidden



a vun all Säit an der Pan gëllen ugebroden.



Well di Dénger sou staark siedegen, schmaachen se am beschten mat enger liichter Zalot. :)



1 Comment


robert50powell.9.5.8.4+abc123
Sep 03

soicauxsmb24.com hôm trước mình lướt thấy ai đó nhắc nên vào nghía thử cho biết, kiểu xem giao diện họ làm ra sao thôi. Vừa mở lên là thấy bài soi cầu theo ngày hiện rõ ngay tiêu đề, kiểu “Soi cầu MB ngày 3 9 2026” nên không phải đoán đang nói ngày nào. Mình cũng để ý phần dự đoán XSMB hôm nay họ tách riêng thành mấy khối ngắn, nhìn lướt là nắm được ý chính chứ không bị dính một cục chữ dài. Cuộn xuống đọc trên điện thoại vẫn ổn, chữ chia đoạn dễ theo dõi. Nói chung cảm giác trang gọn gàng, nhất là mấy heading ngày tháng đặt ngay đầu bài nên nhìn…

Like

Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page