top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Gebroden Nuddelen aus Kohlrabi

Updated: Jun 27, 2018

Geméisnuddelen sinn eppes Fäines wann et dobaussen waarem ass. E schéine liichte Plat, dee ganz séier gekacht ass.



An dësem Fall huelen ech Kohlrabi an e puer riise Réidercher, wëll de Gaart grad voll domat ass. Wann Dir Wuerzelen amplaz huelt, schmaacht dat natirlech och gutt esou präparéiert. Oder rout Rommelen... oder Courgetten… :-)


Dat éischt wat mir maache mussen, ass d’Geméis duerch de Spiralschneider ze schécken. De Kohlrabi huet missen a 4 gedeelt gi fir duerchzepassen.


An enger Pan mat Uelech gi gehacktene Knuewelék an d’Gewürzer (Kreuzkümmel, gemuelene Koriandersom, Fenchelsom, Chilli, Ingwer, Moschtersom, Kurkuma, zwee Lorberblieder an eng Messerspëtzt Asafoetida) ugebroden. Dodranner kommen déi frësch spiraliséiert Nuddelen a ginn eng Kéier gedréint. Driwwer kënnt de Jus vun 1/2 Zitroun an e bëssi Salz a Peffer. Et gëtt 1/2 - 1 Minutt kache gelooss a mat frëschem Basilikum zervéiert.

0 comments

Recent Posts

See All

Comments


bottom of page