top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Gebootschten Urgromper mat Péiterséilech op gemëschtener Zalot (vegan)

Am allerléifsten hunn ech d’gebootschte Gromper wa si réi an der Pan, ganz lues ugebrode gëtt bis se duerch ass. Mhhh, dann huet se de volle Goût! :-D De Virdeel vun deem Kachen ass och, dass di schéin mof Faarw vun den Ur-Gromperen erhale bleift!



D’Grompere ginn an 1 cm déck Scheiwe geschnidden, an an enger Pan mat Ueleg, op mëttlerer Hëtzt gebroden. Si ginn eréischt da gedréint, wa si sech selwer vun der Pan léisen. No 10 Minutten däerf dann déi a Réngelcher geschnidden Ënn an de Knuewelék dobäi. Dës därfen dann nach 5 Minutten matbroden bis mat Peffer, Salz an engem décke Grapp Péiterséilech ofgeschmaacht gëtt.



Extra lecker schmaachen dës als wotlech Zalot. Einfach iwwert eng gemëschten Zalot (Batavia, Frisée, Saueramper a gerappte Wierzelcher) ginn, mat enger Vinaigrette aus 6 IL Olivenueleg, 4 IL Esseg, enger zerdréckten Zéif Knuewelék, a Peffer a Salz iwwerschëdden. Nommnomm 3000! :-D



0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page