top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Mosaiert? Frësche Gromperejus!


Eng réi Gromper bënnt d’Mosäiert, a schützt Moschläimhaut virun Reizungen.

Si wierkt entzündungshemmend ob d’Moschläimhaut, wondheelend a Mosekretiounshemmend.


Entweder knabbelt ee lues eng geschielte Gromper iwwert den Dag verdeelt andeems ee gutt knat, oder ët drénkt een 50 Ml réien Jus vu geraspelte Gromperen iwwert den Dag verdeelt, verdënnt mat der duebeler Quantitéit Waasser oder Téi.


Oft gëtt gesot, d’Gromper wier gëfteg wann een se réi esst. Dat ass nët de Fall. Réischt ab 2,8 kg ongeschieltene, réie Gromperen an engem Dag kéint een éischt Symptomer bemierken...

Déi gréng Deeler vun der Planz allerdéngs, wou sech duerch Liichtawierkung Solanin konnt bilden, si gëfteg.

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page