Vläit kennt Dir déi fest Zahnpasta aus dem fancy Seefebutték? Awer wousst Dir, datt fest Zahnpasta maache ganz einfach geet? ;-)
Et brauch een e Mörser, e Mixer an
1 Iessläffelchen Natron (rengegt an erhéicht de PH-Wäert - well Saiert am Mond ass net gutt fir d'Zänn ;-) )
optional 1/2 Téiläffelchen Reinweinstein (verstäerkt d’Botzwierkung)
optional 1/2 Téiläffelchen Calciumcarbonat (as a villen Zahnpastaen drann fir den Zänn Calcium zréck ze ginn)
dëss ginn am Mörser kleng geriwwen.
am Mixer ginn dann
2 décker Iessläffelen Kokosueleg (ass antibakteriell)
optional en Téläffel Gel vun engem Blat Aloe Vera (ass gutt fir d’Zännfleesch)
1 Iessläffel Xylit (Birkenzocker wierkt karieshemmend a suergt für gudde Goût)
15 Drëpsen ätherëschen Rosmarin Ueleg (wierkt antibarteriell, antiviral an entzündungshemmend)
an och eise gemörserten Pudder
crèmeg gemixt.
Alles wou "optional" dobäi steet kann een eenzel oder ganz fortloossen an ët funktionnéiert nach ëmmer als fest Zahnpasta. Natierlech kéint een och just mat Kokosueleg seng Zänn wäschen, oder mat Natron a Rosmarin, mee dat heiten ass jo eist Rezept fir fest Barren :-)
Dat Ganzt gëtt dann entweder an déi klengste Förmercher verstrach déi een huet, oder einfach iwwert e Bakpabeier an nom Ofkillen geschnidden.
Dat däerf lo 1 Stënndchen an den Frigo.
Kokosueleg schmëlzt ab 25 Grad, dofir loossen ech meng Zahnpasta an engem Dëppchen am Frigo, an huele mir ëmmer ee Stéck wann ech se brauch.
コメント