top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Feierdagskohlrabi an der Routwäinzooss (vegan)

An enger Experimentkichen wéi bei eis, brauch een heiansdo 2 Uleef bis eppes richteg ass :-) Sou wéi bei deem heite Rezept.



De Problem deen ze léise war, war de Kohlrabi mëll ze kréien… E wor mega am Gout, ower haart ewéi Goss…

Am zweeten Ulaaf hu mir en am Schnellkachdëppen virgekacht, an dat wor den Trick.



Also:


en décke Kohlrabi gëtt geschielt a ronderem mat engem Stäbchen e bëssi agepiikst, an dann am Schnellkachdëppen :-)



15-20 Minutte gekacht, erausgeholl an iwer Nuecht marinéiert mat

  • 500 ml roudem Wäin

  • 500 ml Porto

  • 2 Lorberblieder

  • 4-5 Neelcheskäpp

  • engem Läffel Koriander

  • 5-6 Pimentskären

  • schwaarzem Peffer



Den Dag drop gëtt alles 10 Minutten opgekacht.


Da gëtt de Kohlrabi erausgehuewen, an an enger déiwer Pan mat Ueleg ugebroden, mat

  • 1 Muert

  • 1 Ënn

  • 1 Zéif Knuewlék



wann alles e bëssi Faarw ugeholl huet, flitt de Kohlrabi an de Schäffchen an d’Geméis an der Pan gëtt mat der Marinade iwwergoss, a mat Péiterséilech an Thymian 15 Minutten kache gelooss.



Da flitt d’Zooss an den Highspeedblender. D’Geméis gëtt mat gemixt, ower déi ondurren haart Kraider nët. Dofir kënnt ower nach e bëssi Peffer, Salz an e Stéckelchen schwaarze Schokola derbäi.



Gemixt, flitt ët iwwert de Kohlrabi, a gëtt nach emol 10 Minutte matbake gelooss… Nommnomm.



E gudde Brot fir d'Feierdeeg.



0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page