top of page

Easy Baguette

Writer: WDBNKWDBNK

Updated: Apr 15, 2020

Déi meeschte Baguette-Rezepter déi ee kennt sinn immens komplizéiert - dobäi ass et ganz einfach wann een den Deeg Owes usetzt fir d'Baguette Moies frësch ze baken.

Huelt duerfir

315 Ml wotlecht (!!) Waasser a verréiert et mat 7 Gramm Drëchenhief an

1/2 Téiläffel Rohrohr-Zocker

Dat Ganzt a 465 Gramm Miel, 8 Gramm Salz verréieren.


Jepp. Dann hutt dir een Deeg deen eng Grëtz méi pëscheg ass ewéi een et géif unhuelen. Deen duerf elo zougedeckt a kill bis den aneren Dag Moies stoen.



Moies de Bakblech anuelegen a bemielen.

Da gëtt den Deeg an dräi Deeler gedeelt, zu dräi Strullen gerullt an op de Bakblech geluecht. Oder zu Bréidercher gedeelt ;-)



Déi sollen 20 Minutten zougedeckt leie bis se an de Schäffche fléien. Dee fänken ech sou no 10 min. Rouzäit u virzehëtzen, dat geet da ganz gutt mat der Zäit op :-) Tipp fir datt d’Baguette schéin opgeet:

Temperatur vum Schäffchen 250 Grad Ënnerhëtzt (!!) an Ëmloft gutt virhëtzen. D' Baguetten aschneiden. Direkt mam Blech um Buedem vum Uewe baken an mat enger Sprutzfläsch Waasser an de Schäffche sprutzen. No 8 Minutten d’Temperatur ob 190 Grad erofdréien, de Blech an d’Mëtt vum Schäffchen platzéieren, an 9 Minutten fäerdeg baken.



Mmmhhh! Lecker, knuspreg, frësch Baguette!



Vill Spaass beim Baken!

 
 

Comentarios


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page