top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Dräiblat-Pesto



Dëst Joer maache mir, nieft dem "normale Kachen" een Dräiblat-Wierz-Salz an e Pesto.


Fir de Pesto gëtt:


  • 1 Passette Gierschblieder mat

  • 1 Grapp ugeréischterten Sonneblummekäeren

  • 1-2 Zéiwe Knuewelék

  • e bëssi Zitrounejus

  • Salz a Peffer

  • e gudde Schotz Olivenueleg


gemixt.



Dee kann direkt esou iwwert den Nuddele schnabuléiert ginn. Et kann ee sech aweroch ganz séier eng Räis/Nuddelszalotumaachen andeems een


  • eng Knuewelékszéif

  • 2 IL Esseg

  • 1 Glas Gierschpesto

  • Topping no Choix (Tomaten, réi Ënnen...)


ënnert gekachte, kale Räis oder Nuddele réiert. :D


Fir gréisser Quantitéiten haalbar ze maachen kann een deen ower och einfach akachen. Dofir gëtt de Pesto an e Schrauwglas gefëllt. Am beschten huet een elo en Dëppe mat Dampfgarasaz wou d’Glieser nët direkt um Buedem stinn, mee op engem Gitter. Soss kann een ower och d’Glieser op en Kichenduch am Dëppe stellen sollt ee keen soueen Asaz hunn.




An d'Dëppen kënnt lo esou vill Waasser, dass d’Glieser bis zu 3/4 am Waasser stinn. Dat opkachen, an 30 Minutte kächele loossen. D’Glieser ginn eraus geholl, an iwwer Kopp ofkille gelooss.


Fir Dräiblat (Buedemhieläner/Giersch)-Rezepter vun de Jore virdrun, hei e puer Linken:


0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page