top of page
Writer's pictureWDBNK

Donuts-Party! (vegan)

Wann Dir an der Kiche keen Zocker wëllt benotzen, dann iwwersprangt dat heite Rezept. ;-) Mir ware fir e Gebuertsdag gefrot ginn, ob et méiglech wier vegan Donuts ze maachen. Natierlech geet dat. ;-) Déi ware lecker, an duerfir deele mir elo d'Rezept mat Iech.




Fir 't éischt preparéiere mir den Deeg. Dee muss nämlech 1-1 1/2 Stonn rouen fir dat Duebelt vu senger Gréisst ze kréien. Also heescht et mat Zäiten ufänken. ;-)


Huelt heifir


  • 550 - 600 Gramm Miel

  • Eng Béchs Kokosmëllech

  • 3 Iessläffele Kokosbléienzocker

  • 1 Päckelchen Dréchenhief

  • an 2 Iessläffele geschmaachsneutralen Ueleg

  • op Wonsch och nach e bësse Vanill


Dat gëtt alles an enger Schossel matenee verréiert an da gëtt dat 5 Minutte laang gekniet.



Déi Zäit huele mir alles wat mir esou un Uebst am Gaart fonnt hunn: Kréischelen, Hambieren, Päerdsbier... a kachen dat mat e bësse Waasser an 3 Läffele Kokosbléienzocker an enger Casserole. Dat gëtt herno ënnert anerem eis Fëllung.


Wann den Deeg esou wäit ass, da mielt Äer Schaffplack a rullt den Deeg en halwen Zantimeter déck aus. Stiecht da mat engem Glas Donut-grouss Rondelen aus an huelt och an der Mëtt e Rondel Deeg eraus.



Mam Fanger maacht dir dann e klenge Gruew ronderem ee vun dëse Donuts, a verdeelt e bësse Fëllung drop. Fiicht da ronderem den Deeg un, a leet een zweete Rondel drop. Ronderem festdrécken, an ab an d'Fett dermat. Dit gesitt direkt wéi den Deeg oppufft. Brod den Donut schéi goldgiel un, an da raus mat em op e Kichepabeier. Sou maacht Dir dat elo mat engem nom aneren, an da sinn d'Donuts souwäit fäerdeg a prett fir dekoréiert ze ginn.


Duerfir maache mir zwou verschidden Zockerglasuren. Fir déi eng réiere mir Pudderzocker mat der Fëllung, déi mir am Blender puréiert hunn, un bis et eng schéi pëscheg Geschicht gëtt. Fir déi aner hu mir Pudderzocker mat enger Räis-Kokos-Ananas-Mëllech (Déi hu mir fäerdeg kaf) ugeréiert. Domat ginn d'Donuts bestrach, an da mat allerhand leckere Saache bestreet: Brennnesselsom, Sauerampersom, Weidenröschen-Bléieblieder, Rousebléieblieder, Flockenblumenbléieblieder, Kokosflacken... Loosst Ärer Fantasie fräie Laf.



Mir hoffen, d'Rezept gefällt Iech, a wënschen Iech vill Spaass beim Nobaken! :-D

0 comments

Recent Posts

See All

Comments

Couldn’t Load Comments
It looks like there was a technical problem. Try reconnecting or refreshing the page.
bottom of page