top of page
  • Writer's pictureWDBNK

DIY Lëpsebalsam mat Hibiskusbléien (vegan)

't ass schonns zimmlech kal am Moment, an do brauche Lëpsen extra Fleeg. A wann Dir genee wëllt wëssen, wat Dir Iech do drop schmiert, da maacht Äre Lëpsebalsam einfach selwer! :-D



Fir de Goût an d'Faarw lee mir d’Hibiskusbléien an den Ueleg dee mir fir de Balsam huelen - do ginn si eng schéin dezent Faarw of.



An esou maache mir dat:


  • 2 Iessläffelen gedrëchent Hibiskusbléien gi gemörsert, an a

  • 50 ml Ueleg, z.B. Mandelueleg, oder soss en “Iessbaren" nativen Ueleg


lues erhëtzt an 10 Minutten d’Faarw auszéie gelooss.



Da kommen

  • 5-6 Gramm Carnaubawuess dobäi,

an et gëtt just souwäit erhëtzt bis de Wues schmëlzt, gutt verréiert, an da kënnt eventuell kann 1 Drëps äthereschen Ueleg no Choix dobäi. Ech hu keen dra gemeet, wëll ech de Geroch vum Carnaubawuess immens angeneem fannen :-)



Fëllt dat elo a kleng, dicht Dëppercher. Nom ofkillen ass e fest a gebrauchsfäerdeg, an Dir hutt ëmmer selwergemaachtenen Lëpsebalsam dobäi. ;-)

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page