©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
  • WDBNK

Defteg Quittepan (vegan)

Updated: Nov 23, 2018

Dëse schnelle Plat passt gutt bei Räis oder Graupen.



An enger Pan mat Ueleg ginn,

  • 2 gehackten Zéiwe Knuewelék,

  • en Chilli,

  • en Téiläffel Kreuzkümmel,

  • e Lorberblad

  • zwee Neelcheskäpp

  • eng Schallott,

  • an déi mam Duch oder mat der Geméisbiischt entfloomten a geschnidden (de stréiege Stronk muss gutt erausgeholl ginn, deen ass soss onangenehm) 3-4 Quitten


ugebrode bis se liicht ugebrongelt gëlle ginn.


Dobäi kommen dann

  • 2 gewierfelt Tomaten.



Nom Ëmréieren kënnt dann en

  • 1/2 Gliesschen Waasser,

  • eng déck Pouz Salz an

  • e klenge Schoss Apeldécksaft an

  • e bëssi Peffer dran.


Lo därf dat kächele bis d’Quitte mëll sin, ower nët zerfalen.


Mmhh lekker :-)