top of page

De Gudden Heng ass frou mat Aprikosen! Aprikose-Curry!

Writer: WDBNKWDBNK

De Knuewelék an d’Ënn ginn am Ueleg ugedënst, dobäi kënnt Kreuzkümmel, Koriandersom, en Iessläffel gedrëchenten a gebrachenen Chili an en décken Iessläffel Currypolfer. Da flitt eng Passette voll Gudden Heng (Guter Heinrich), an déi an hallef gedeelten Aprikosen dran. Dëst gëtt e bëssi ugebroden a mat Kokosmëllech ofgeläscht. Dat däerf lo nët méi ze laang kachen, soss zerfalen d’Aprikosen. Fir ofzeschmaachen kënnt en Téiläffel Salz an nach e bëssi Peffer dobäi - a fäerdeg :-)


Je nodeems wéi sauer d’Aprikosen sinn, kann een eng Grëtz Agavendicksaft dobäi ginn: einfach schmaachen :-)


An hei wat dra kënnt:


  • Ueleg

  • 2 Zéiwe Knuewlék

  • 1 kleng Ënn

  • 1 Iessläffewl gedreschend Chillien

  • 1 Läffel Kreuzkümmel

  • 1/2 Läffel Koriandersom

  • 1 -2 Läffele Currypolver

  • 1 Passette gudden Heng (alternativen: Spinat, Brennnessel, wäisse Gänsefouss)

  • 5-6 Aprikosen

  • 1 Dous Kokosmëllech

  • 1 Téiläffel Salz

  • Peffer

  • eventuell e bëssi Agavendicksaft

De Gudden Heng ass een eenheemescht wëllt Geméis. D’Blieder ginn ewéi Spinat benotzt oder se gi sauer agemaach. Déi jonk Schëss kënne wéi Spargele gekacht ginn. Vun do kënnt säin aneren Numm "Aarme Leits Spargel”. De Som gëtt ewéi Quinoa am Waasser gekacht... Jepp, genau! E weidere regionale, wëllen Quinoa, nieft dem Amaranth. ;-D


Déi sin all aus der selwechter Famill :-) De Gudden Heng schmacht e bëssi no Spinat, awer vill méi intensiv - definitiv ee super Wëllgeméis!!

Comments


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page