top of page
  • Writer's pictureWDBNK

D'Quitt - Planz vum Mount Oktober 2018

D’ Quitten, déi voll Vitamin C, Kalium, Natrium, Zénk, Eisen, Koffer, Mangan,Tanninen, Gerbsäier, Pektin a Schläimstoffer sinn, goufe scho viru 4000 Joer am Kaukasus ugebaut.

Am antike Griechenland ëm 600 v.Chr. wor si e Symbol fir Gléck, Léift a Fruchtbarkeet. Deemols gouf de sougenannten Melimelon dorausser zoubereed. D’Quitte goufen mat Hunneg agekacht a sinn de Kranken als Stärkung gi ginn, a Reesenden als Proviant. Aus dem Wuert Melimelon ass Marmelo a spéider Marmelade ginn. D’Quitte ass also Namensgeber vun der Marmelade.



D'Quitten an eiser Géigend mussen all gekacht gi vir se ze iessen. Si sin einfach ze haart a sauer/batter. Virum Kachen muss de Flom vun der Schuel geholl ginn. Dat geet am allerbeschten, andeems een se einfach mam Kichenduch ofrubbelt. ;-)


Meeschtens trëfft een d’Quitt als Gebees, Kompott, Jus, Likör, Wäin, agekacht, oder als “Quittebrout”. Leschten ass en agedéckt a gedörrtene séissen Quittekompott, deen a Rauteform geschnidden an am Zocker gewänzelt als Séissegkeet zervéiert gëtt.


Als Heelplanz:


Den Hippokrates huet d’Quitte scho verschriwwen bei Mo-Darm Probleemer. Dës wierken an deem Fall duerch hiere Pektin, Gerbstoffer an d’Schläimstoffer.

Äusserlëch ass d’Quitt exzellent an der Sallef bei rësseger Haut, opgesprongene Lëpsen, Verbrennungen, Wondleien an Hämorrhoiden.


Mir hunn et hei mat engem immensen Uebst ze dinn, dat et verdingt Planz vum Mount Oktober ze sinn. ;-)

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page