Mespilus germanica
Am Mëttelalter wor déi echt Mispel an Europa e beléiftent Uebst, an hir Beem wäit verbreet. An der Landgüterordnung vum Groussens hirem Karel ass déi echt Mispel opgezielt als eng vun de 16 wichtege Uebstgehëlzer.
Allerdéngs ass mëttlerweil dëst Uebst an eiser Kichen an och als Kulturuebst eng Seelenheet ginn. Wahrscheinlech kënnt dat dohier, dass ët nët sou einfach ass d’Fruuchtfleesch vu senge Kären ze befreien wann ee sech d’Fanger nët wëll knaschteg maachen :-). Fir eng industriell Verarbechtung ass d’Mispel doduerch nët gëeegend. Wat ee Verloscht! D'Mispel ass onvirstellbar lecker, a wann se zeieg ass, ass et ewéi gebees an enger Schuel. Opmaachen, raussuckelen, genéissen. Eis Natur huet esou vill Guddes ze bidden!
Mir hu bei eis an de Familjen d'Mispel ëmmer esou genannt. Am Lëtzebuerger Wierderbuch steet zum Numm dëst: Héispel, Hääspel/ Heespel F.: «Mispel, Mespilus Germanica» — dafür auch: Aaspel, Aaspern, Hondsaasch, Krëspel, Knëspel. Sou nennt jiddereen et esou wéi en et kennt. ;-)
Gepléckt ginn d’Mispelen Enn Oktober an am November. Se schmaacht net méi sauer a batter mee séiss fruchteg, wann ët entweder eemol an d’Frucht gefruer huet, een se eemol agefruer huet, oder se einfach eng Woch leie geloos ginn ass. Meeschtens gëtt aus der Mispel Gebees gekacht, ower och als Grondlag fir eng lecker brong Zoos oder Likör léisst se sech verwäerten.
Fréier sinn déi onräif Friichten duerch den héigen Taningehalt deen d’Ausflocken vu Proteinen bewierkt, benotzt gi fir d’Dréiwheet am Wäin ze verréngeren.
Déi onräif Friichten hunn en Taningehalt vun ongeféier 2,6 % a si fréier zesummen mat hire Blieder an hirer Bamschuel benotzt gi fir ze Gerben.
Comentarios