top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Crèmege Garam Masala-Räis mat Pistasch (vegan)

Sou ee Garam Masala-Räis schmaacht gutt als Bäilag zu indesche Platen, ower wie wëll kann dësen natiirlech och einfach esou genéissen.



Fir e crèmege Garam Masala-Räis, ginn


  • 2 kleng Tase Jasmin Räis mat

  • 2 klengen Tase Waasser

  • 1 Dous Kokosmëllech

  • Salz an

  • 1 Tl Garam Masala


opgekacht a mat zouenem Deckel 12 Minutten op ganz klenger Hetzt zéie gelooss.


Wann de Räis fäerdeg ass, ginn an enger Kasserole ouni Fett

  • e Grapp Pistasche kuerz ugeréischtert, vun der Plack gezunn a mat

  • 2 Iessläffelen Ueleg an

  • 1 Tl Garam Masala verréiert. Loosst d'Gewürz och eng Kéier am Ueleg waarem ginn, fir datt de Goût erausgekëddelt gëtt


Dësst kënnt dann iwwert de Räis. Zack. Fäerdeg a lecker. ;-)

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page