top of page

Courgettekichelcher mat Weidenröschenbléien an Hanfdip

  • Writer: WDBNK
    WDBNK
  • Jul 31, 2018
  • 1 min read

Updated: Aug 1, 2018

Mir hunn am Moment Tonnen Courgetten ze verschaffen, an ee Plat fir dës Aufgab si Courgette Kichelcher :-D


ree


D'Courgette gi kleng geraspelt,

an an engem Mixer gëtt

gemixt, a mat de Courgetteraspelen vermëscht.


An enger Pan mat Ueleg gi Fläppweis den Deeg verdeelt a frësch Weidenröschenbléien dra gedréckt. Wa se goldeg gebrode sinn, gi se ëmgedréint.


ree

Fir de schnellen Hanf Dip, gëtt

  • 1 Tas geschielten Hanfsom mat

  • 1 Tas Waasser

  • 2 Zéiwe Knuewelék

  • 1/2 Zitroun (de Jus)

  • Peffer a Salz

am Highspeedblender crèmeg gemixt. A mat frësche Bratzelen driwwer zervéiert.


Dat ass einfach wonnerbar. Déi Kichelcher sinn iwwregens och tiptop Patties fir op e Veggie-Burger a sinn och kal immens lecker.


ree

Gudden Appetit! :-D


Comments


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page