top of page

Courgette-Schwaarzbier Ragout (vegan)

  • Writer: WDBNK
    WDBNK
  • Aug 31, 2018
  • 1 min read

Den August boomt ët vu Courgetten a Schwaarzbieren, eiser Planz vum Mount August 2018. Dëse Ragout ass e Rezept fir déi zwee mateneen ze verschaffen.



Am Dëppen mat e bëssi Olivenueleg gëtt eng geschnidden Ënn, zwou gehackten Knuewelékszéiwen, Moschterkären, Kümmel an e Läffel Currypolfer ugebroden.

Dra kommen a Sträife geschnidden Courgetten an di eng oder aner Tomat.


Nom Duerchréieren gëtt dat Ganzt mat Kokosmëllech ofgeläscht, a gutt gesalzt a gepeffert. Dat därf elo 20 Minutten brutschelen.

Zum Schluss flitt eng Schësselchen Schwaarzbieren dran. Déi solle just 1/2 Minutt waarm zéien. An da gëtt zervéiert.



Als Topping passt gutt e Crunch aus geréischtertem Buchweizen mat e bëssi gebrachenem Chilli a Moschtersom driwwer.

Déi ginn einfach kuerz am Ueleg ugebroden.

Dann nach e bëssi frëscht Koriandergréngs driwwer a mat Räis fruppsen! Lecker! :-)

Comments


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page