top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Choufleur Zalot mat Bärlauch-Moschter-Vinaigrette a gebootschte Gromperen

Hei ass e schnellt Iessen zur Reschterverwäertung. (An elo wësst dir och zimmlech genau wat et Gëschter bei eis gouf - Grompere mat Choufleur a wäiss Zooss :-) )



Duerfir gëtt et Haut Gebootschter bei enger Choufleur Zalot mat Bärlauch - well deen huet am Moment esou richteg schéin, déck Blieder :-) Ee Genoss!




Also fir d’Gebootschten:

  • eng kleng, geschnidden Ënn gëtt am Ueleg ugedënst, an

  • dobäi flitt eng Schossel gekachte Gromperen.

Déi däerfe lo bei mëttlerer Hëtzt viru sech hi bootschen.


Herno gëtt just nach ofgeschmaacht mat

  • Peffer a Salz an

  • e bëssi Paprikapolver.



Fir d’Choufleur Zalot mat der Bärlauch-Moschter Vinaigrette gëtt:

  • De Rescht gekachte Choufleur (hei en Hallwen (et wor een deeeeecken!!) a seng Réisercher gedeelt.

  • 5-6 Blieder frësche Bärlauch geschnëppelt, a mat

  • 1 Tl Moschter

  • 3 Iessläffelen Kraideresseg

  • 5 Iessläffelen Zalotenueleg

  • Kraidersalz

  • e bëssi gehacktem Chilli


vermëscht an iwwer de Choufleur ginn.



Een Ratz-Fatz Menü! E Gudden Appetit! #plantbased #leckerschmecker

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page