E schnell gezaubert Fingerfood si Chouffelwinx. Dofir gëtt e Chouffleur a seng Réisercher zerdeelt, gewäsch an am gesalzene Waasser mat enger Scheiw Zitroun 5 Minutte gekacht.
![](https://static.wixstatic.com/media/692dab_08537dc934e64ed8812a95aa002e3ce9~mv2_d_4032_3024_s_4_2.jpg/v1/fill/w_980,h_735,al_c,q_85,usm_0.66_1.00_0.01,enc_auto/692dab_08537dc934e64ed8812a95aa002e3ce9~mv2_d_4032_3024_s_4_2.jpg)
Als Gewürzpast ginn ugeréiert:
1 décken Iessläffel Tomatemuerg
1 décken Iessläffel Sesam Tahini
1 décken Iessläffel scharfe Paprika
4-5 Iessläffelen gudden Ueleg
1 Iessläffel Agavendicksaft
1 Iessläffel gemuelene Koriander
1 Iessläffel gedrëchente Basilikum
1 Téiläffel Kreuzkümmelsom
1 Téiläffel Salz
1 Téiläffel Knuewlékspudder
Schwarze Peffer
D’Réiserchen gi gutt mat der Past ageriwwen, an am Schäffchen bei 190 Grad 10 Minutte gebak.
![](https://static.wixstatic.com/media/692dab_5bd9db431dca46a88d382431915590d4~mv2_d_4032_3024_s_4_2.jpg/v1/fill/w_980,h_735,al_c,q_85,usm_0.66_1.00_0.01,enc_auto/692dab_5bd9db431dca46a88d382431915590d4~mv2_d_4032_3024_s_4_2.jpg)
Dobai kënnt e Spinat-Dipp mat décken Nëss (Walnoss):
![](https://static.wixstatic.com/media/692dab_27b14172cafc45d9b778eef599a3894b~mv2_d_4032_3024_s_4_2.jpg/v1/fill/w_980,h_735,al_c,q_85,usm_0.66_1.00_0.01,enc_auto/692dab_27b14172cafc45d9b778eef599a3894b~mv2_d_4032_3024_s_4_2.jpg)
Dofir gëtt en décke Grapp frësche Spinat mat engem klenge Grapp décke Nëss, Salz, Peffer, engem Téiläffel scharfem Paprika, engem Téiläffel Agavendicksaft, 3 Iessläffelen Walnossueleg an enger halwer Zéif Knuewelék gemixt. Zack. Lecker! :-D
![](https://static.wixstatic.com/media/692dab_7d987286df524eacbdf39bb5d365228f~mv2_d_4032_3024_s_4_2.jpg/v1/fill/w_980,h_735,al_c,q_85,usm_0.66_1.00_0.01,enc_auto/692dab_7d987286df524eacbdf39bb5d365228f~mv2_d_4032_3024_s_4_2.jpg)
Comments