top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Bärlauch - Bëschknuewelék | Planz vum Mount Mäerz 2019

De Bärlauch, Hexenzwiwwel oder Bëschknuewelék ass och elo hei am Éislék aus dem kale Buedem gekroch! :-D Dat leckert Kraut kann een da bis Ufank Mee plécken.



Esou gesinn ech aus wann ech bis bléien.

Di lecker Geméis- Gewürz- an Heelplanz déi ee komplett verwäerte ka gëtt am Beschten réi verschafft, well beim Erhëtzen de Goût verschwënd. Seng Wierkung ass antibakteriell an och gutt bei Verdaungsbeschwerden als Karminativum. Ausserdem huet e Blutdrocksenkend Eegeschaften, an ass gutt géint Alagerunge vu Fetter an de Blutgefässer.


Wien d’Méiglechkeet huet sech e puer Plänzercher ze setzen, mecht dat am beschten op enger schieteger bis hallefschieteger Plaz. Als Bëschbewunner fillt hie sech ënnert Beem geplanzt ganz wuel.


Verwiesslungsgefor: Ähnlech Blieder (awer nët identesch) kéint d’ Meeréischen oder d’Uuchteblumm (Herbstzeitlose) hunn.


Heivunner ass just de Bärlauch z'iessen.


0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page