top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Brennnessel - Planz vum Mount Mee 2019 op www.WatDeBauerNetKennt.lu

Pass op! Pak dat net un, do picks de dech. Esou hunn déi meescht vun eis d'Planz als Kand kennegeléiert. Awer och als der Bom hir beschten Zopp. Et ass also eng Planz zu där vill vun eis e gemëschtent Verhältnis hunn. ;)



Dobäi wier et wichteg, d'Brennnessel mol nees komplett ze rehabilitéieren, a se erem fest an eiser regionaler Kichen ze verankeren. Duerfir ass d'Brennnessel am Mee 2019 eis Planz vum Mount. Mir hoffen Iech Loscht op dëst gesond Wëllgeméis maachen ze kënnen, fir datt Dir Iech an Zukunft och am Fréijoer, esou ewéi mir, freet, wann d'Brennnesselen sech een Eck am Gaart erausgesicht hu fir ze wuessen.


Brennnessele sinn e super gesond Geméis mat villen Flavonoiden, Magnesium, Kalzium an Silizium ower och vill Eisen. Brennnesselen hu 7 mol méi Vitamin C wéi Orangen! Provitamin A fënnt een och dran, an een immens héigen Eewäissgehalt (40% méi héich wéi Soja). D’Planz ass harndreiwend, blutträngegend an entwässerend. Di enthalend Phytohormoner gëllen als kriibshemmend.

Äusserlech hëlleft se géint Schubber.

Fir d’Blieder ze sammelen kann een einfach eng Seibecken ënnert Planz halen, a just déi iewecht Spëtzten ofschneiden. Sou kann een se dann direkt ënner fléissend Waasser ofspullen an se weiderverwäerten, ouni se eng Kéier missen unzepaken.

Dat Allerbescht: Brennnesselen fënnt een esou gutt ewéi iwwerall wou de Buedem vill Nährstoffer huet, a si si liicht ze erkennen!


Gebrauche kann een vun der Brennnessel alles:


D’Blieder:

wéi Spinat gekacht, als Téi, gemixt am Smoothie, als Pesto, a jonk souguer an der Zalot wann een eng Kéier mat der Deegrull driwwer walzt.


De Som:

Frësch bis zeideg als Gewürz, oder gebroden als Topping op Zaloten.



Bléieknospen:

Gutt an der Zalot, oder gebroden.


Wuerzel:

Als Téi oder als Tinktur.


0 comments

Recent Posts

See All

Comments


bottom of page