top of page

Brennnessel-Peffermënz-Hambierblieder Power Detox Smoothie

  • Writer: WDBNK
    WDBNK
  • Jun 14, 2018
  • 1 min read

De Moie gouf et fir ze Fréistécken e schnelle Smoothie.

Brennnessel-Peffermënz-Hambierblieder Power Detox Smoothie
Power fir an den Dag

An de Mixer sinn eng Banann, eng Orange, en Apel, eng kleng Knoll Kurkuma, en halleft Glas Waasser, 3 Brennesselspëtzen, e Grapp Peffermënz an e puer Hambierblieder geflunn.

Lecker a super gesond :-)


Stinging nettle leaves, peppermint leaves, rasberry leaves
Brennnessel, Peffermënz an Hambierblieder. Frësch gepléckt a voller Jus.

Hambierblieder: Wou een hautesdags éischter d’Friichten vun dëser Planz benotzt, ginn ower och d’Blieder schon zanter der Jongsteenzäit geholl. Meeschtens gi si als Téi gedrëschend awer och frësch am Smothie benotzen ech se gär :-) Hir Wirkstoffer si Gallotannine an Ellagiatine, Flavonoiden a Vitamin C. (Opgepasst: an der Schwangerschafft besteht d’Méiglechkeet datt se Wéihen ausléisen!)

Peffermënz: Peffermënz reegt d’Gal un, hëlleft bei Mo an Darmkrämp, ass antimikrobiell an antiviral. (Opgepasst: Am beschten nët huele bei Soud, wann d’Mosäiert engem eropstéisst, an di ass gelueden mat äthereschem Peffermënzueleg kann dat méi brennen ewéi dat souwisou schonns ouni deet.)

Commentaires


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page