top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Avocado-Schwaarzbier-Schokokuch (vegan)


Loscht op een dekadent gudde Kuch? Firwat maacht der en net einfach selwer? ;-) Hei ass d'Rezept fir e Kuch bei deem d'Schoklasmousse aus Avocado ass, de Biscuit natierlech ouni Eeër oder Botter, an d'Glasur mat Schwaarzbieren agefierft gëtt. Ommnommnomm!




Fir de Buedem:



Ët ginn

  • 225g Miel,

  • 170 g Pudderzocker,

  • eng Pauz Salz,

  • e bëssi Vanille,

  • 2 déck Iessläffelen Kakao,

  • 1 Pak Bakpolver mat Weinstein (phosphatfräi)


duerchernee gerouert. Dobäi kommen

  • 6 Iessläffelen (geschmachsneutral bis nossegen) Ueleg,

  • an 250 ml Spruddelwaasser.


Dat Ganzt gëtt glat gerouert, an an eng ausgefette Sprangform geschott. Am réien Deeg gëtt eng Tas voll Schwarzbieren verdeelt.

De Buedem därf elo 20 Minutte bei 190°C an de Schäffchen.



Fir d’ Mousse:



Fir d’ Mousse um Kuch ginn:

  • 4 Avocadoen,

  • 6 Dattelen,

  • Dat ierwecht vun der Bio-Kokosmëllech,

  • Eng déck Strutz Agavendicksaft,

  • an eng uerdentlech Portioun Kakao


gemixt, a kaal gestallt bis de Buedem ofgekillt ass.

Di Mousse ass och mega lecker einfach esou :-)




Fir d’ Spigelglasur:




Fir di total verwerflech iwwerzockert Glasur ginn:

  • 3 grouss Tasen Zocker an

  • 3/4 Tas Waasser,

  • 2 Tl Agar-Agar an

  • 2-3 Tl Pektin opgekacht.


Sollt et Klompe ginn, gëtt dat einfach mam Mixer glat gemixt. Ouni Hëtzt kënnt dann


  • 1 Tas wäisse Schokola oder Kakaobotter drann an

  • 100 Gramm Kokoscrème.


Fir d'Glasur gouf einfach eng Schësselchen Schwarzbieren gemörsert, an duerch eng Passette gestrach. 2/3 vun der Glasur gëtt agefierft, déi aner bleift "Natur". Do kënnt da jeweils nach en décke Läffel Kokosuelech dobäi.



De Kuch gëtt zesummegeschouschtert, wann alles e bëssi oofgekillt ass. Wann de Bisquit kal ass kënnt d’Avocadosmousse driwwer a flitt an den Tiefkühler bis d’ Glasur eng Grëtz méi kal ass. Awer nët ze laang, si soll nach verlafen :-)


De Kuch ass och wirklech lecker einfach esou ;-)

D’Glasuren gi virum Zoubereeden nach eemol glat gerouert an da kënnt déi Natur-Glasur an déi Rout dran ouni se zevill duercherneen ze réieren. Déi kënnt Dir elo zesummen a kreesende Beweegungen iwwert de Kuch schëdden. Dat därf dann och nach eemol zackeg 5 Minutten an den Tiefkühler dass d’Glasur d’Avocadosmousse nët duerch d’Hëtzt zerlafen deet. Dat Ganzt kann dann nach matt e bëssi Schickimikki dekoréiert gi wann een dat wëll, an dann däerf e gefruppst ginn :-D

0 comments

Recent Posts

See All

Bình luận


bottom of page