top of page

Avocado-Basilikum Pesto mat Veronika (Persischer Ehrenpreis)

Writer: WDBNKWDBNK

Mhh... Avocado;-)


Fir de Pesto ginn dräi zeideg Avocadoen zesumme mat

2 Knuewlékszéiwen, dem Jus vun 1 Zitroun, 1 Grapp Basilikum, Peffer, Salz an engem halwen Téiläffel gemuelenem Kreuzkümmel, 1/2 Glas Waasser an engem e gudde Schotz Olivenueleg gemixt bis et crèmeg as.

Dat kënnt op gekachten Nuddelen. Ech sinn dann och ëmmer frou wa bei sou eppes och e bësse Crunch dobäi ass, also gouf e séieren Tempering gemaach mat:

  • Moschterkären

  • Hanfsom an

  • Chilli, am Olivenueleg ugebroden.

D' Veronikabléien mëcht de Plat schéi faarwech, an nach méi gesond. ;-)

D'Veronika fannt Dir a Wisen. Si wuessen ëmmer an engem ganze Grupp, well si sech duerch Rhizomer ausbreeden. Méi bekannt ass natierlech den Téi deen een dorausser ka preparéieren, mee esou iwwert e Plat gestreet, ass sie besonneg an der Bléi immens wëllkomm. Fréier gouf d'Planz och nach Allerweltsheil genannt, well hir sou vill heelend Wierkungen zougeschwat gi sinn. Allgemeng kann ee soën, datt d'Planz eng Immun stäerkend Wierkung huet an géint d'Fréijorsmiddegkeet hëlleft.

 
 

Comments


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page