top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Austere-Seitling am Käicherdeeg op Bëschknuewelék-Räis (vegan)

Esou een Austere-Seitling ass ee leckere a gesonde Pilz. Wann een en einfach an der Pan brot, ass e ganz schnell zoubereed. Et hëllt awer och net vill méi Zäit en am Käicherdeeg ze preparéieren.



Duerfir gëtt

  • eng kleng Tas Kaichermiel (Kichererbsenmehl) mat

  • 2 Pauze Salz

  • 1 Tl scharfe Paprika

  • schwarze Peffer

mat esou vill Waasser verrouert, dass een nëtt ze décken Deeg entsteet.



D'Pilzkäpp ginn doduerch gezunn an am Ueleg an enger Pan gebroden.




Si schmaache lecker op enger Zalot oder wéi hei um Bëschknuewelék-Räis.



Duerfir kacht de Rais a verfeinert en duerno mat

  • 2 Iessläffele Rapsueleg mat Bottergoût,

  • schwarzem Peffer an

  • engem Bond gehacktenem Bärlauch

Lecker! :-D



Gudden Appetit!


Déi schmaachen och super op enger Zalot!

A gesond ass den Austere-Seitling och nach: Et leie Hiweiser vir, datt hie bei der Präventioun vu verschiddenen Daarmkriibszorte virbeugt.

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page