top of page

Aloo-Gänsefouss :-) (vegan)

  • Writer: WDBNK
    WDBNK
  • Sep 1, 2018
  • 1 min read

Dir kennt villäicht indesch Klassiker ewéi Aloo-Palak? Aloo heescht "Gromper", Palak hescht "Spinat". Mir maachen haut en Aloo-Bathua, well en Enn August / Ufank September nach iwwerall steet an en nach ëmmer immens gutt schmaacht. :-D Bathua ass den indeschen Numm fir de Gänsefouss. De Gänsefouss war am Juni eis Planz vum Mount op www.WatDeBauerNetKennt.lu . ;-)




An engem Dëppen ginn

am Kokosnossueleg ugebroden.



Dobäi fléien déi réi Gromperen an e puer gedréchent Chillien. Nom Ëmréieren flitt eng Dous Kokosmëllech, an eng hallef Dous Waasser driwwer. Et gëtt gutt gesalzt an e bëssi gepeffert. Dat däerf lo brutschelen bis d’Grompere mëll sinn. Zum Schluss flitt de frësch geplécktenen Gänsefouss mat drann.


Vum Gänsefouss kann een am August/September d’Blieder an d’Bléien respektiv Som einfach vum Still ofsträichen. Dës gi just kuerz an de Platen mat gekacht. E Genoss!

Comments


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page