top of page

Aglio e olio Courgettebandnudelen (vegan)

Writer: WDBNKWDBNK

Fir dësen onkomplizéierte Plat ginn 3 Knuewlékszéiwen gehackt, an am Olivenueleg mat zwou gebrachenen Chillischoten an 2 Iessläffele Moschtersom op mëttlerer Hëtzt ugebroden.



D’Courgette gi mat enger Mandolin a Bännercher geschnidden.



Wann de Knuewelék 2 Minutte gebroden huet, kommen 3 geschidden Tomaten dobäi.



Dës zerfalen relativ schnell am waarmen Ueleg. Normalerweis, wann déi zweet Courgette gehuwelt ass, ass d’Tomate dann och mëll. Da gëtt gutt gesalz a gepeffert, an d’Bännercher gi kuerz am Ueleg gedréint fir waarm ze ginn.



Driwwer passt gutt Ruccola, Bratzel oder Basilikum a geréischtert Sonneblummekären. Färdeg a lecker :-)

Comments


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page