top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Séissgrompernocken mat Brokkoliszooss (vegan)

Updated: Jan 18, 2019



Fir 2 Leit:


1 déck Séissgromper gëtt am liicht gesalzene Waasser mëll gekacht. Da flitt se duerch d’Gromperepress an e klengt Dëppen.



Dobäi kënnt

  • 1 Iessläffelchen Kokosbotter ouni Goût

  • 1 kleng Tas Sojamëllech

  • 2 Iessläffelen Eersatzmiel (z.B.Sojamiel,Séisslupinemiel)

  • Peffer, Salz, Muskat

  • +- 200 Gramm Schmull



Dat gëtt lo ënnert réieren erhëtzt. Den Deeg soll sech vum Dëppebuedem léisen a gutt uneneen halen. Eventuell kann een nach Schmull dobäi ginn.



Den Deeg däerf 5 Minutte stoën éier en am nët méi spruddeleg kachende Waasser zu Nocke geformt kache gelooss gëtt. Dofir den Deeg mat engem Téiläffel huelen an iwwert een aaneren dréinen dass déi typesch Form entsteet.



Fir de Brokkoli:

D’Réisercher gi vum Stronk getrennt. (Aus deem kann een dann nach eng Zëppche brutschelen. :-) )


Ët ginn 2 Brokkolien mëll gekacht.


Da gëtt


  • 1/2 Tas Cashewen

  • 1 Iessläffel Hanfsom

  • 1 Tas Waasser

  • 1/2 Téiläffelchen

  • Salz, Peffer,

  • dem Jus vun 1 Zitroun, an

  • e bëssi frëschem Thymian

am High-Speedmixer gemixt.



Da gëtt

  • eng Zéif Knuewelék dra gedréckt an

  • e bëssi Zitrounenofriww an

  • Thymian

dobäi ginn.



Am Dëppen gëtt d’Zoos ënnert réieren nach eemol opgekacht. Duerno flitt de Brokkoli dran, a gëtt dragemixt.


Deen anere Brokkoli gëtt "Natur" mat engem klenge Sprutzer Walnossueleg dobäi zervéiert.


Elo nach e puer Chilli-Flacken driwwer an dann: E gudden Appetit gewënscht!




0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page