top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Rousenesseg a Rousesirup (vegan)

Mir woren op Besuch an der Stad an do stoung eng wonnerbar Doftrous: 3 Meter héich, 4 Meter breet a voller immens gutt richende Bléien! Do musst einfach profitéiert ginn!


Mat frëndlecher Erlabnis hu mir 1 Schossel voll gepléckt, an et wor wéi wann näischt fort wier… immens ! :-)

Dorausser goufen 3 Saache präparéiert.

Hei mol déi éischt zwou:

Wichteg: D’Blieder sollen nët gewäsch gin, soss ass de Goût flöten :-)

Esseg: Eng Fläsch gëtt locker zu 3/4 mat Rousebléieblieder gefëllt. Driwwer kënnt en Äppelesseg. Dat Ganzt därf dann 4-5 Deeg zéien, a fäerdeg

:-D den Esseg schmaacht einfach super an de Vinaigretten!

Sirup: 1L Waasser mat 1 Kg Zocker 10 Minutte kache loossen. Da gëtt d’Plack ausgemaach. Elo de Jus vun 2 Zitrounen, an eng Schossel voll Rousebléieblieder dra gin. Ofkille loossen, a fäerdeg.

Huelt elo eng Passette a schëtt alles derduerch. A Fläsche verschléissen an de Summer genéissen! :-D

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page