top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Margréitchen (Gänseblimmchen) - Planz vum Mount Abrëll 2019

D’Margréitchen kennt jiddereen. Seng schéi wäiss Blimmercher si bal d’ganzt Joer ze gesinn. Duerhir säi laténgeschen Numm “Bellis perennis”: Ganz-Joer-Schéin.



D'Blieder, d'Bléien a d'Knospen vum Margréitchen kënne je no Géigend d’ganzt Joer gesammelt ginn. Si passe gutt an Zaloten, bei Geméis, an Zoppen oder Zoossen. Awer och op der Schmier, gehackt als Deko iwwert e Plat oder an engem Smoothie ass si ee Plus an eiser natierlecher Kichen.


D’Knospen vum Margréidche kënnen ewéi Kaperen ageluet ginn, a sinn esou laang haltbar an ëmmer nees asetzbar. Seng Bléie maache sech gutt am an um Dessert, ginn ee gutt Gebees, si gedréchent e gesonnden Téi, bidden sech als Bléiebowle un oder ginn als Antipasti ugemach. Et ass eng onvirstellbar villsäiteg Planz. ;-)

Wien sech d’Aarbecht mécht hire Som am August-September ze sammlen, dee ka sech am Wanter lecker, gesond a vitaminräich Sprossen draus maachen.


An hir ass Vitamin C, Vitamin A, Kalium, Calcium, Magnesium an Eisen.



Als Heelplanz vum Joer 2017 huet d’Belli och als Heelmëttel esou Munches ze bidden: an neiere Studien ass nogewise ginn, dass se antimikrobiell an antihyperlipidämesch (also Cholesterinsenkend) ass. Op der Haut wierkt ët entzündungshemmend a berouegend, hautrengegend a wondheelend.

Bei Entzündungen am Mond oder bei Halswéi kann een den Téi oder d’Urtinktur vum Margréitche guergelen.

Urtinktur:

Fir d'Urtinktur einfach e Schrauwglas zu 2/3 mat de Blimmercher fëllen a mat 42 %em Alkohol iwwergéissen. No 4 Wochen ausserhalb vun direktem Sonneliicht zéien loossen, dann ass d’Tinktur fäerdeg.


Ah jo, elo fir d'Summerzät wichteg: Zeriwwe Planzendeeler hëllefen op Insektestëch. ;-)

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page