top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Gebakene Fenchel op Routrommelspaghetti

Updated: Jun 30, 2018

Regional a saisonal! Sou ass dat gutt. Duerfir gëtt am Summer mat Freed dat gekacht, wat frësch aus dem Gaart kënnt. A wat hate mir schéi Fenchelen zeideg!

Fir dëst Rezept hu mir eis iwwerluecht de Fenchel ze baken. Ei! :-D An dobäi ginn et super gesond Spaghettien aus roude Rommelen! Exzellent, oder? ;-)




Fir unzefänken gëtt de Fenchel a Schëffercher geschnidden. "Befreit" dës da vum Stronk :-). Schneid nët ze wäit, soss hält en nët méi uneneen.


Am gesalzene Waasser gëtt de Fenchel 4 Minutte gekacht.


Fir d’Panade präparéiere mir en Deeg:

Doranner réiere mer en 1/2 Glas Waasser bis en déckflëssegen Deeg entsteet.


Huelt elo eng feierfest Schossel a reiwt se banne mat Ueleg an. Huelt da Panéiermiel a street et dran sou datt es iwwerall pëscht.


De Fenchel gëtt drëchegetuppt, a mam Deeg bestrach. Driwwer kënnt nach e bësse Panéiermiel.


Dat flitt elo bei 180 Grad an de Schäffchen. No 5 Minutten kënnt lues e bëssi Ueleg iwwert dat Ganzt, fir datt et schéi knuspereg gëtt. Loosst et nach 10 Minutte baken bis et fäerdeg ass.



Fir d’Routrommels-Spaghetti, ginn di réi Rommele geschielt a spaghettiséiert. Mir huelen duerfir eise praktesche Spaghettisator. ;-) An enger Pan gëtt Knuewelek an engem geschmaachsneutralen oder nossegen Ueleg ugebroden. Dobäi kommen dann fir 1 Minutt d’Rommelspaghetti. Ofgeschmaacht gëtt mat Peffer a Salz.



Driwwer kënnt frësche Péiterséilech. Péiterséilech as quasi e Must bei Roude Rommelen. Déi Goûten ergänzen an ënnerstétze sech ganz wonnerbar :-)

0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page