top of page

Weidenröschen Tinktur

  • Writer: WDBNK
    WDBNK
  • Aug 3, 2018
  • 1 min read

Updated: Aug 4, 2018

Haut ass et un der Zäit Iech mol eppes aaneschters ze weisen: Mir maachen eng Weidenröschen Tinktur! ;-)



Duerfir huele mir e grousst Akachglas a 40%egen Alkohol (Alkohol fir unzemaachen, Whiskey, Vodka...). Da gi mir eis eng 2-3 Weidenröschen-Planze sichen a reiwen déi eenzel Deeler (Still, Blieder a Bléie) mat e bëssen Alkohol am Mörser op. Duerfir kënnt Dir all souwuel d'Epilobium Angustifolium wéi och d'Epilobium Parviflorum huelen. :-D


Dat kënnt dann alles an d'Akachglas an da gëtt et mat dem Rescht Alkohol opgefëllt. Elo muss dat 1 Woch an der Wunneng waarem stoën (nët an der Sonn), an dann nach 3 Wochen am Keller oder an engem däischtere Schaf. Dann ass d'Tinktur fäerdeg.


D'Weidenrschentinktur wierkt virun allem bei Prostata-Adenomen awer och generell wierkt se op den Immunsystem. Si wierkt bei Mo- an Daaremerkrankungen an ass anti-mikrobiell. Bei Besoin huelt Dir 3 mol den Dag 20-30 Drëppsen Tinktur.


Opgepasst: Dës Tinktur ersetzt net de Besuch beim Dokter am Fall vu gesondheetleche Probleemer.

Comments


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page