Mir haten nach 2 Aubergine vum Grill iwwereg. Déi goufe mam Läffel ausgekraazt (déi waren schonn ofgekillt) an an de Mixer gehäit. Also dat bannenan, net d'Schuel... ;-)
Dodra koum nach:
2 Knuewelekszéiwen
1/2 Zitroun
1 Iessläffel Tahin
Peffer, Salz, Kreuzkümmel
e gudde Schoss Olivenueleg
Dobäi gouf et e Wëllkraidertaboulé:
Den drëschenen Couscous gouf réi mat Zitrounejus, e bëssi Waasser, enger gehackter hallwer Ënn, enger kleng gewierfelter Tomate an gedréchente Berberitzen vermëscht a 5 Minutten zéie gelooss.
Als Kraider hu mir dat drënner gemëscht wat direkt bei Hand wor; Saueramper, Bärlauch, Beifuss, Taubnessel, Peffermënz, Péiterséileg, Bettseecheg an e bëssi Aker-Mauséiercher.
En erfrëschend, liicht Iesse bei waarmem Wieder. An esou einfach. :-D
Comments