Bei deem Summerwieder wëll ee liicht a gesond iessen. An do bitt et sech un eis Planz vum Mount uli 2018, D'Weidenröschen mol an engem liichten, asiatesche Plat anzesetzen. D'Frühlingsrolle gesinn immens aus, an et ass iwwerhaapt keng Affär se selwer ze maachen. Vill Spaass beim Ausprobéieren!
Dat éischt wat mir maachen ass an engem Dëppe Waasser zum Kachen ze bréngen. Da maache mir et aus, a leeën eis Räisspaghetti fir dräi Minutten dodran. Duerno kommen se raus, a gi mat kalem Waasser ofgekillt.
Fir bei d'Rulle maache mir een immensen Dip. Duerfir brauche mir:
Dat Fest vun enger Béchs Kokosmëllech (Duerfir musst Dir Bio-Kokosmëlech huelen, soss klappt dat net. An deenen anere sinn Emulgatoren dran déi d'Déchse verhënneren.)
Dann e gudde Läffel Afennossbotter
E Läffel Tomatemuerg
En Chilli
Eng Staang Zitrounegras
Peffer a Salz
Dat gëtt gemixt, an da gesäit dat esou aus:
Mir huelen zwee Telleren. Ee mat Routrommelsjus, ee mat Waasser. Do leeë mir eis Räisblieder dran. Huelt wäisst Räisblad, a leet schéi Bléien mat der oppener Säit op d'Blad. Da komme gerappte Muerten, e Blad Zalot, E bësse Fréijorsënne-Gréngs a Basilikum drop. Klappt d'Räisblad 't éischt säitlech an, an da rullt der et gutt fest zesummen.
Fir déi rout Blieder kënnt Dir Iech d'Bléie spueren, déi gesäit een net dodran. Mir hunn hei Koriander amplaz vum Basilikum geholl.
Maacht der genuch! Se si lecker a vill ze séier fort. ;-) Gudden Appetit!
Comentarios