• WDBNK

Taco-Tuesday! Vegan Tacos mat Weidenröschen!

Dës frësch Tacos si gefëllt mat engem Bounen Chilli mat Weidenröschengréngs, frëscher Zalot, a geraspelten roude Rommelen. 

Als Topping eng kleng gehackten réi Ënn mat hierem Gréngs, frëschem Chilli, Weidenröschensbléien an engem Mandel-Hanf Parmesan.


Tacos! Boah! Lecker! :-D


Fir den Chilli ginn 250 g Bounen ageweecht a gekacht (oder zwou Dousen opgemaach :-) )

Wann dës duerch sinn, gëtt an engem Dëppen zwou Zéiwen Knueweléck am Ueleg ugedënst, dobäi kënnt e Läffel Kreuzkümmel, 1 kleng gehacktenen Chilli an d’Gréngs vum Weidenröschen. Dat Ganzt gëtt elo opgefëllt mat enger Tomate pelée, an de gekachtene Bounen mat hierem Kachwaasser. Den Chilli brauch lo Peffer a Salz, well d’Boune jo ouni Salz gekacht ginn, also roueg en Iessläffelchen dobäi ginn an oofschmaachen. Dat däerf elo 10 Minutte brutschelen.


An där Zäit ginn d’Tortillas an enger Bakform wéi di typesch Tacoschuelen beieneen gedréckt, sou dass eng déi aner stäipt. Am Schäffchen därfen déi elo bei 200 Grad baken.


D’rout Rommelen gi reng geraspelt. Dat geet besonneg gutt a schnell mat engem Raspeler mat Dréischeiw. Da ginn nach d’Ënne klenggehackt an e schnellen Mandel-Hanfparmesan geréiert.

 

Wann alles fäerdeg ass gët den Taco ugeriicht, fir d’éischt den Bounen-Chilli, dann e bëssi Zalot, déi frësch rout Rommel, an den Topping. Mmmhhh! Taco-Schmacko!

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon