top of page

Taboulé-Zalotentaart (vegan)

  • Writer: WDBNK
    WDBNK
  • Nov 26, 2018
  • 1 min read

Erfrëschend, lecker a plazspuerend um Zalote Buffet: eng Zalotentaart all in one :-)



Gebraucht ginn:

  • déi grouss Blieder vun enger Laitue

  • réie Couscous

  • 1 1/2 Zitroun

  • 1 Ënn

  • Péiterséilech

  • Peffermënz

  • Salz an e bëssi Peffer

  • 3 gedrëchenten Aprikosen

  • Ueleg

  • 3-4 Muerten

  • 1 Zéif Knuewelék

  • 4 Tomaten

  • 1/2 Cornichong

  • e Grapp Sonneblummekären

  • Vegan Mayonnaise



Fir den Taboulé gëtt

  • 1 grouss Tas réie Couscous, mat

  • dem Jus vun 1 Zitroun

  • 5 Iessläffele Waasser

  • 1 gehackten Ënn

  • 1/2 Bond gehacktenem Péiterséilech

  • 1 Grapp gehacktenem Peffermënz /oder en Téiläffel gedrëchentem duerch d’Hänn kleng geriwwenem Peffermënz

  • 1 Pauz Salz an e bëssi Peffer

  • 3 gedrëchenten kleng geschnëppelten Aprikosen, an

  • 4 Iessläffelen Ueleg

ugeréiert an zéie gelooss. Den Taboulé soll e bëssi méi drëche sinn, wéi wann een en normal mëcht. Duerch déi Lag Tomaten duerno zitt nach Flëssegkeet dran an ët ka sech besser verbannen :-)



Fir d’ Muerten ze präparéieren:

  • D’Muerten gi geraspelt, an ugemaach mat

  • dem Jus vun 1/2 Zitroun

  • 1 zerdréckten Zéif Knuewelék

  • 3 Iessläffelen Ueleg

  • Peffer

  • gehacktenem Péiterséilech an e bëssi Peffermënz



Lo ka gestapelt ginn:


D’Sprangform gëtt ausgeluecht mat Laitueblieder.

Do dropp kënnt den Taboulé.

3 an dënn Scheiwe geschnidden Tomaten.


Do dropp gëtt e Grapp réie Couscous verdeelt fir d’Flëssegkeet vun Uewen opzehuelen.

Da kommen eis Muerten drop.



An iwwert eng Mandolin geriwwen, hallef Cornichong.


Leet eng Lag Bakpabeier drop, an dréckt d'Taart eng Kéier 30 Sekonne laang fest.

4 Iessläffelen Mayonnaise gi veréiert mat 1 Iessläffel gehacktener Bratzel an e bëssi Peffer.



Dat gëtt iwwert d’Taart verdeelt. Sou wéi och ugeréichterten Sonneblummekären an Deko no Wonsch :-D



Comments


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page