Fir de supersäftegen Hermann-Apelkuch brauchee fir 't éischt emol een Hermann Deeg. Do fannt dir eist Rezept hei.
An da braucht dir
200 Gr Hermann
200 Gr Miel
100 Gr gehackten Nëss
100 Gr Zocker
2 Iessläffel Sojamiel / Süsslupinemiel oder Vegg Egg
200 Ml Sojamëllech
100 Ml Ueleg
1 Pak Vanillszocker
Salz
1 Pak Bakpolver
alles matenee verréieren an an eng ausgefett a bemielte Bakform ginn. Dann
3 gedeelten an ageschnidden Äppel drop verdeelen.
Bei 160 °C Ëmloft däerf deen 50 Minutte baken.
Comments