Dir sitt Veganer, an Dir hat schonns laang keng Eisekuche méi giess? Dir hutt mat "vegan" näischt um Hutt, an Dir mengt den Titel hei wier just een Teaser fir Iech dozou ze bréngen drop ze klicken? Dann hu mir elo eng Iwwerraschung: Dat hei si wierklech déi beschte Eisekuche vun der Welt! A jo: se si vegan!
Am Video: Mir hate Besuch vum Gilles vun www.calme.lu. Him villmols Merci fir d'Entspaanung ;-) an d'Hëllef beim Kachen!
A se sinn och iwwerhaapt net schwéier ze maachen:
400 g Miel an
800ml Waasser gi matt
enger Tas Cashewen
enger Pouz Salz
engem Pak Reinweinstein
enger décker Strutz Agavendicksaft
engem Iessläffel Kokosnossueleg
a Vanille gemixt.
Dat Ganzt gëtt en zimmlech flëssegen Deeg. Loosst deen dann 20 Minutte stoën.
D'Eise gutt virhëtzen a ra mam Deeg!
D’Eisekuche gi bausse super knusprech an bannendra mëll.
Si schmache lecker drëchen oder mat frëschem Uebst an Ahornsirup.
Hei hate mir e Rhubarbs-Sugo dobäi. Duerfir de Rhubarb schielen, schneiden, a mat e bëssen Agavendicksaft, Waasser a Vanill mëll kachen. Dat geet ganz séier. Lecker!
Comentarios