Räis am Schäffchen hunn ech immens gär - nët nëmme well een d’Kichen da séier geraumt huet déi Zäit wou d’Dëppen am Schäffche steet, mee och well de Räis déi extra Riz Pilaf - Käeregkeet kritt.
Fir de Räis gëtt de Schäffchen op 180 Grad virgeheizt, an
1/2 Porrett
1 Stang Sellerie
1 Schallott
2 Zéiwe Knuewelék am Dëppe mat
Ueleg ugebroden.
Wann dat e bëssi brong ass flitt de
Räis
dobäi, a gëtt gerouert bis en e bëssi glaseg ass.
Dat gëtt dann opgefëlt mat der
duebeler Quantitéit Waasser, der entspriechender Meng
Geméisbrittpolver
Peffer
Muskatnoss a
frësche gehacktene Kraider.
Do flitt den Deckel drop an am selwechten Dëppen ab an de Schäffchen. Dat brauch lo je no Räiszort esou laang wéi ët um Pak steet.
Ech hat Parboiled Räis - also 10 Minutten an de Schäffchen setzen.
Den
Tofu gëtt am
Ueleg ugebroden a mat
Salz
Peffer
Koriander a
gedrëchentem Chilli gewürzt, wann e schéi gëlle brong ass gëtt
1 Zéif Knuewelék dra gedréckt, a mat
engem Schotz Waisswäin ofgeläscht.
Dat gëtt lo emol gutt zesumme vermëscht.
Wann de Wäi verkacht ass kann zervéiert ginn.
Ei, do schnabbelt de Bock! :D
Comentarios