top of page

Séier Spinat-Malfadini (vegan)

  • Writer: WDBNK
    WDBNK
  • Mar 8, 2019
  • 1 min read

Sou eng Pasta ass emol e wonnerbare schnelle Plat. Malfadini brauche 7 Minutten wann d’ Waasser bis kacht, an dësst Kachwaasser huele mir dafir eng fëx Zoos ze maachen.



Vun 200 Gramm Spinat ginn eng Halschent kleng gehackt fir an d’Zooss.



Déi aner Halschent Spinat flitt mat engem Grapp Cashewen, 1 Téiläffel Brittpolver, 2-3 Téiläffelen Hiefflacken, Muskat a Peffer mat 2 1/2 Louche Kachwaasser an den Highspeed-Blender a gëtt crèmeg gemixt.



D'Nuddele ginn ofgeschott, an an deem Dëppen gëtt d’ Zooss eemol kuerz opkache gelooss. Dobäi flitt de gehacktene Spinat. Dee kann elo nach eng hallef Minutt waarm ginn.


Zervéiere kann een dat Ganzt da mat geréischterte Sonneblummekären an e bëssi Chilli.


Alles an Allem eng Saach vun 10-15 Minutten. Gudden Appetit! :-)

Kommentare


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page