Säftegt Banannebrout

Updated: May 3

Wéi ech laanscht den Uebstkuerf gaange sinn, do si mir 4 vill ze vill zeideg Banannen opgefall. Déi hu schon quasi gejaut fir Banannebrout ze ginn. :)



Also gemixt, gebak.


Hei da fir Iech d'Rezept vun eisem einfache, séiere Banannebrout.



Duerfir hu mir

  • 250 Gr Miel

  • 75 Gr Rohrohrzocker

  • 2 Tl Bakpolver

  • 1 Pauz Salz

  • 40 Ml neutralen Ueleg

  • 30 Gr Planzemargarin (Wann dir nëmmen dat eent oder anert Fett hutt, huelt einfach 70 Gr Margarin oder 75 Ml Ueleg)

  • 1/2 ausgekraatzte Vanillschot

  • 4 iwwerzeideg Banannen

  • 60 Ml Planzemëllech (Ech hat Huewer)

  • 1 Tl Kanéil

  • 1 Tas gehackte, gemëschte Nëss (optional)

  • 200 Gr Hermann-Deeg (deen ass optional, mee mir hun een ugesat dee wëll verschafft ginn, an dee flitt lo bal iwwerall mat dran :) )

geholl.


Dann hu mir d'Bananne an de Mixer mam Deeg-réier-Asaz gehäit, a mat deem ganze Rescht zu engem schéinen Deeg verréiert. Dann d'Form gefett, gemielt an den Deeg dra geschott.


D'Schossel huet da sou ausgesinn. :) (Hu vergiess eng Foto vum Deeg an der Form ze maachen.)



Den Uewen op 180 Grad Ëmloft gewiermt, an d'Banannebrout fir 50-60 Minutte gebak. No 50 Minutte mol dra gepickt fir ze kucken ob et duerch ass. Huet nach 6 Minutte gebraucht.


Dunn hate mir ee säftegt, leckert Banannebrout, dat mir nom Baken nach 10 Minutte hu misse kucken,ir mir et kunnten uschneiden.



E gudden Appetit! :)




©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon